Shop

Oh, wéi ass Panama esou schéin

Beschreibung

BÜCHER

Kanner- a Jugendbuch

Janosch

Oh, wéi ass Panama esou schéin

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Georges Hausemer

»Wann een e Frënd huet, brauch een näischt ze fäerten!«

De klenge Bier an de klengen Tiger sinn déck Frënn. A si fäerten näischt, well si zesumme wonnerbar staark sinn, staark wéi e Bier a staark wéi en Tiger. An hirem Haus beim Floss hunn si et immens gemittlech. Mä enges Daags maachen si sech op de Wee fir a Panama, an d’Land vun hiren Dreem.

Ënnerwee erliewen si allerhand spannend Geschichten. Mä wou läit Panama? De Fuuss, d’Kou, d’Maus – si hunn nach ni eppes vu Panama héieren. Nëmmen de Kueb kann hinne weiderhëllefen. A ganz um Enn fannen si, wat si sichen.

Den 17.11.2012 publizéiert
48 Säiten, 20 x 14 cm
Hardcover
ISBN 978-9959-751-1-1
11,95 €

De Janosch ass 1931 zu Hindenburg an Uewerschlesien gebuer (haut Zaborze, Polen). 1946 ass seng Famill an de Weste geflücht. 1953 huet hie seng Formatioun op der Münchner Konschtakademie ugefaangen, déi hien e puer Joer dono ouni Ofschloss verlooss huet.

Vun 1960 un huet hie ganz vill Kannerbicher gezeechent, ënner anerem dat berüümtst: »O, wéi ass Panama esou schéin« vun 1978, dat 1979 mam Deutschen Jugendliteraturpreis ausgezeechent gouf. Haut lieft de Janosch op Teneriffa.

»›Doheem ass et am schéinsten‹ soen déi eeler Semesteren, wann se aus der Vakanz kommen an hanner der Kéier hiert Haus erëmgesinn. Dëst Gefill vu Gebuergenheet an doheem sinn ass och d’Thema vum Janosch sengem Kannerbuchklassiker aus dem Joer 1978 … E flotte Kaddo, besonnesch fir Owes virzeliese fir déi ganz Kleng.«
d’Lëtzebuerger Land

f
1942 Amsterdam Ave NY (212) 862-3680 chapterone@qodeinteractive.com
Free shipping
for orders over 50%