Beschreibung
BÜCHER
Kanner- a Jugendbuch
Jeff Kinney
Ass eppes?
Dem Greg säin Tagebuch 2
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Georges Hausemer
Maacht, wat der wëllt, mä frot de Greg Heffley op kee Fall, wéi seng Summervakanz war. Iwwer déi wëllt hien nämlech am léifste guer net schwätzen. Elo huet en neit Schouljoer ugefaangen, an de Greg géif déi dräi lescht Méint gär esou séier wéi méiglech vergiessen.
Eng bestëmmt Saach ganz besonnesch. Leider weess de Ronny, dem Greg säi Brudder, iwwer déi penibel Geschicht zimlech genee Bescheed. Also muss de Greg onbedéngt dofir suergen, datt säi Geheimnis och e Geheimnis bleift.
Den 14.11.2016 publizéiert
220 Säiten, 20 x 12 cm
Broschéiert
ISBN 978-99959-43-08-0
12,95 €
Den Jeff Kinney entwéckelt an designt Online-Spiller an ass en Nr. 1-Bestseller-Auteur an der New York Times. Vum Time-Magazine gouf hien 2009 zu den 100 aflossräichste Mënsche weltwäit ernannt. Hien ass zu Washington D. C. opgewuess an 1995 an New England geplënnert. Hie lieft mat senger Fra an hiren zwéi Bouwen am Süde vu Massachusetts.