Shop

Dem Greg säin Tagebuch

Jeff Kinney

Jeff Kinney ist Entwickler und Designer für Online-Spiele und Nummer 1-Bestsellerautor der New York Times. Das Time-Magazin zählte ihn zu den 100 einflussreichsten Menschen der Welt. Er ist in Washington D.C. aufgewachsen und zog 1995 nach New England. Jeff Kinney lebt mit seiner Frau und zwei Söhnen im Süden von Massachusetts.

Beschreibung

BÜCHER

Kanner- a Jugendbuch

Jeff Kinney

Dem Greg säin Tagebuch

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Georges Hausemer

»Fir unzefänke wëll ech emol eppes kloerstellen: Dëst si meng MEMOIREN, et ass KEEN Tagebuch. Et war menger Mamm hir Iddi. Mä wa si mengt, ech géif hei meng ›Gefiller‹ oder esou e Quatsch draschreiwen, da läit si komplett dernieft. Deen eenzege Grond, firwat ech dëst alles matmaachen, ass deen, datt ech enges Daags räich a berühmt ginn a meng Memoire da ganz nëtzlech wäerte sinn. Mä am Moment muss ech mech nach mat elauter Idioten erëmklappen. Haut fänkt d’Schoul erëm un, a fir d’Zäit erëmzekréien hunn ech decidéiert, e bëssen an dëst Buch ze krozelen. Mä erwaart nëmmen net, eppes wéi ›Léift Tagebuch‹ hei a ›Léift Tagebuch‹ do vu mir ze liesen ze kréien.«

De Greg huet vu senger Mamm en Tagebuch geschenkt kritt. An dat, obwuel Tagebicher dach am Fong nëmmen eppes fir Meedercher sinn! Oder vläicht dach net? Jiddefalls fänkt de Greg einfach emol un, dran ze schreiwen an ze molen: iwwer säi blöde Brudder, seng Elteren, säi beschte Frënd Robi, deen him dacks déck op d’Schlappe geet, den alldeeglechen Iwwerliewenskampf an der Schoul, e grujelegt Geeschterhaus an iwwer de verbuedene sténkege Kéis.

Den 15.11.2013 publizéiert
220 Säiten, 20 x 12 cm
Broschéiert
ISBN 978-99959-751-5-9
12,95 €

Den Jeff Kinney entwéckelt an designt Online-Spiller an ass en Nr. 1-Bestseller-Auteur an der New York Times. Vum Time-Magazine gouf hien 2009 zu den 100 aflossräichste Mënsche weltwäit ernannt. Hien ass zu Washington D. C. opgewuess an 1995 an New England geplënnert. Hie lieft mat senger Fra an hiren zwéi Bouwen am Süde vu Massachusetts.

f
1942 Amsterdam Ave NY (212) 862-3680 chapterone@qodeinteractive.com
Free shipping
for orders over 50%