Shop

Vu Wëlwerwolz op Kalkutta

Kategorie:

Felicitas Hoppe

Felicitas Hoppe, 1960 zu Hameln gebuer, lieft als Schrëftstellerin zu Berlin an op Reese rondrëm d’Welt. Zanter 1996 huet si Erzielungen, Romaner, Kannerbicher a Feuilletone publizéiert. 2012 koum hiren autobiographesche Roman »Hoppe« eraus. Am nämmlechte Joer krut si de renomméierte Georg-Büchner-Präis.

Beschreibung

BÜCHER

Literatur

Felicitas Hoppe

Vu Wëlwerwolz op Kalkutta

Aus dem Däitschen iwwersat vum Georges Hausemer

Eng formidabel Rees duerch Kontinenter an Zäiten, mat engem richtege Ritter op engem richtege Päerd mam schéinen Numm Schengen – déi Aventure verzielt de Roman »Paradiese, Übersee« vun der renomméierter däitscher Schrëftstellerin Felicitas Hoppe (Georg-Büchner-Präis 2012), deen elo och an enger lëtzebuergescher Iwwersetzung virläit.

Fir d’Recherchen zu hirem Buch, dat zum gréissten Deel zu Lëtzebuerg spillt, war d’Schrëftstellerin vu Berlin am ganze Land ënnerwee, huet sech a Bicher iwwert de Grand-Duché geknéit a sech eng Hellewull Geschichte vun hei verziele gelooss.

Ëlwen, Wolz, Alschent, Houschent a Lëllgen … dat sinn nëmmen e puer Statiounen an dësem phantastesche Roman, deen de Lieser op en abenteuerlechen Tour vu Lissabon iwwer Stroossbuerg a Lëtzebuerg an Indien mathëlt. E Ritterroman, deen am 21. Jorhonnert spillt, e modernt Mäerchen, vollgepaakt mat Iwwerraschungen an enger ganzer Rei vu komesche Gesellen, déi um Enn zu Waasserbëlleg an d’Musel falen an am herrlechen Iechternachzëmmer vun der Madamm Conzemius zur Rou kommen, virleefeg.

Wéi d’Originalversioun vu »Vu Wëlwerwolz op Kalkutta« erauskoum, waren d’Kritiker hellop begeeschtert vun deer ganz spezieller Atmosphär, fir déi d’Felicitas Hoppe och an dësem Roman erëm gesuergt huet. Awer et huet ee sech och gewonnert, wéi kleng d’Wëssen ass, dat dës Kritiker iwwer eist Land hunn. D’Lëtzebuerger Lieser, déi d’Wierk elo an hirer Mammesprooch entdecke kënnen, wäerte jiddefalls vun der éischter Säit u Bescheed wëssen a net d’Sprangprëssioun mat der Oktav an d’Musel mam groussen indesche Floss Ganges verwiesselen.

Den 11.11.2014 publizéiert
208 Säiten, 20 x 12 cm
Gebonne mat Schutzëmschlag
ISBN 978-99959-751-8-0
19,95 €

Felicitas Hoppe, 1960 zu Hameln gebuer, lieft als Schrëftstellerin zu Berlin an op Reese rondrëm d’Welt. Zanter 1996 huet si Erzielungen, Romaner, Kannerbicher a Feuilletone publizéiert. 2012 koum hiren autobiographesche Roman »Hoppe« eraus. Am nämmlechte Joer krut si de renomméierte Georg-Büchner-Präis.

»Ein Teil des Buches kommt durch die Übersetzung so zum Tragen, wie er es im Original nicht tut. Sie hebt auch die burleske Komponente hervor. Den deutschen Lesern ist entgangen, wie witzig das Buch ist.«
Felicitas Hoppe über die luxemburgische Ausgabe

»Stößt neue literarische Weiten für das Luxemburgische auf.«
Luxemburger Wort

»Ein Lesespaß, von der Kritik hoch gelobt, jetzt auch in der Heimatsprache zu lesen (…) dank Georges Hausemers gelungener Übersetzung.«
Télécran

»Hei kann d’Lëtzebuergescht mat senger ganz eegener melodiéiser Klangfaarf déi am Text evoquéiert Geräischer op eng Manéier afänken, wéi et net emol dem Original vum Hoppe geléngt.«
Journal

f
1942 Amsterdam Ave NY (212) 862-3680 chapterone@qodeinteractive.com
Free shipping
for orders over 50%