Shop

Uerdnung muss sinn

Kategorie:

Beschreibung

BÜCHER

Literatur

Christian Kmiotek

Uerdnung muss sinn

A sengem One-Man-Owend schafft de Christian Kmiotek mam Publikum drun, déi aktuell Theemen anzeuerdnen, auszesortéieren, z’erklären an nei ze tässelen. Mat spatzer Zong, Niveau an Humor hëlt hien aktuell Phänomener ënnert d’Lupp: vum Alginn a vum Schwäerme vu fréier, iwwert den SUV an de Recycling, vu Verschwörungstheorien a bronge Gesellen, Dommheet an Nationalismus, bis zum alldeegleche Wansinn an der Famill an um Büro.
Alles, wat de Christian Kmiotek an eiser verwurrelter Welt zum Staune bréngt a wat eis all beweegt, gëtt op d’Schëpp geholl, mol bësseg, mol nodenklech. Heiansdo spréngt hien och aus der Këscht … an déi hien dach eigentlech Uerdnung brénge wollt.

Den 16.03.2023 publizéiert
80 Säiten, 19 x 11 cm
Brochéiert mat Klappen
ISBN 978-99959-43-51-6
12,00 €

De Christian Kmiotek, Joergang 1960, ass ewell bal en halleft Joerhonnert op de Lëtzebuerger Bünen ze gesinn, haaptsächlech op Lëtzebuergesch an op Däitsch. Dosende Filmrollen an nationalen an internationale Produktioune gehéieren och zu sengem Liewenslaf. Hannert de Kulisse war de Christian aktiv an der Theaterfederatioun, an der Kulturfabrik, bei Samsa Film an als Beroder vum Kulturministère a vun der Europäescher Kommissioun.

De »Kmio«, wéi e vu ville genannt gëtt, huet schonn e puer Mol e ganzen Owend solo op der Bün gemeeschtert. Allerdéngs ass »Uerdnung muss sinn« déi éischte Kéier, wou hien och den Text zu sengem Optrëtt selwer geschriwwen huet. Wéi de Kmio 2020 no siwejäreger Presidence vun der grénger Partei seng politesch Ämter a jonk Hänn ginn huet, war endlech de Moment komm, wou hien dësen Häerzensprojet an Ugrëff huele konnt.

f
1942 Amsterdam Ave NY (212) 862-3680 chapterone@qodeinteractive.com
Free shipping
for orders over 50%