9789995943226
Jean-Marc Lantz
Magnetosaurus Nostalgodon. Roman
Lëtzebuergesch
376 Säiten, 20 x 12 cm
Gebonne mat Schutzëmschlag a Liesbändchen
ISBN 978-99959-43-22-6
25,00 €
Im Buchhandel oder direkt bei capybarabooks (zzgl. Versandkosten) erhältlich:
contact@capybarabooks.com

E Coming-of-Age-Roman voller Komik, Tragik an Nostalgie

Firwat schumme sech sou vill Lëtzebuerger fir hir Jugend, soubal si de Lycée hannert sech hunn? Dann ass alles op eng Kéier „kannereg“ gewiescht. Mee war et dat wierklech?
De Joé wiisst an de 70er an 80er Joren an der Minettsgéigend op. Hien ass an enger ganz cooler Band, seng Elteren hunn de Krich nach an de Schanken an him ass d‘Land ze kleng. Wéi d‘Beth a säi Liewe kënnt, ännert sech alles.

»Magnetosaurus Nostalgodon« erzielt vun engem, dee versicht, grouss ze ginn, ouni seng Kandheet ze mëssen.

Iwwer den Auteur

De Jean-Marc Lantz gouf 1964 zu Lëtzebuerg gebuer. Hien huet Englesch studéiert a lieft a schafft am Süde vum Land. »Magnetosaurus Nostalgodon« ass säin éischte Roman.