cover-greg
Jeff Kinney
Dem Greg säin Tagebuch
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Georges Hausemer
220 Säiten, 20 x 12 cm
Broschéiert
ISBN 978-99959-751-5-9
12,95 €
Im Buchhandel oder direkt bei capybarabooks (zzgl. Versandkosten) erhältlich:
contact@capybarabooks.com

Jeff Kinney:
Dem Greg säin Tagebuch

 

»Fir unzefänke wëll ech emol eppes kloerstellen: Dëst si meng MEMOIREN, et ass KEEN Tagebuch. Et war menger Mamm hir Iddi. Mä wa si mengt, ech géif hei meng ›Gefiller‹ oder esou e Quatsch draschreiwen, da läit si komplett dernieft. Deen eenzege Grond, firwat ech dëst alles matmaachen, ass deen, datt ech enges Daags räich a berühmt ginn a meng Memoire da ganz nëtzlech wäerte sinn. Mä am Moment muss ech mech nach mat elauter Idioten erëmklappen.Haut fänkt d’Schoul erëm un, a fir d’Zäit erëmzekréien hunn ech decidéiert, e bëssen an dëst Buch ze krozelen. Mä erwaart nëmmen net, eppes wéi ›Léift Tagebuch‹ hei a ›Léift Tagebuch‹ do vu mir ze liesen ze kréien.«

De Greg huet vu senger Mamm en Tagebuch geschenkt kritt. An dat, obwuel Tagebicher dach am Fong nëmmen eppes fir Meedercher sinn! Oder vläicht dach net? Jiddefalls fänkt de Greg einfach emol un, dran ze schreiwen an ze molen: iwwer säi blöde Brudder, seng Elteren, säi beschte Frënd Robi, deen him dacks déck op d’Schlappe geet, den alldeeglechen Iwwerliewenskampf an der Schoul, e grujelegt Geeschterhaus an iwwer de verbuedene sténkege Kéis …

Dee Bestseller, dee Kleng a Grouss begeeschtert, elo endlech och op Lëtzebuergesch! Iwwersat vum Georges Hausemer